
Moien! đź‘‹ Ech sinn de Jerry Weyer...
... Pirat, Entrepreneur an digitalen Aktivist.
Am Oktober 2009 hunn ech d'Piratepartei matgegrënnt, well ech wollt um politeschen Dialog zu Lëtzebuerg Deel huelen, mech awer a kenger Partei rëmfonnt hunn. D'Organisatioun an aner Parteie war mer ze strikt, den digitale Wandel gouf net opgegraff, eng oppen an transparent Demokratie war keng Prioritéit. Dofir hunn ech mech entscheet mat de Piraten eng eege Beweegung ze grënnen, déi dës Themen opgräift.
Ech war éischte Vizepresident vun der Partei a vun 2010 bis 2011 och Co-Virsëtzende vum Daachverband vun den internationale Piraten, den Pirate Parties International. 2013 an 2018 sinn ech mat an d'Chamberwale gaangen, wou ech mech konnt als Zweetgewielten am Zentrum hannert dem Sven Clement plazéieren. Ech well och an de Chamberwalen 2023 am Oktober rëm fir d'Piraten am Zentrum untrieden an ons Iddien an der Chamber vertrieden.
Méi zu menge politesche Prioritéiten
Ech hu mat groussem Interessi Droit et études européennes zu Stroossbuerg a London studéiert, mee hunn mech awer nach wärend dem Studium an engem anere Beräich selbstänneg gemaach. Esou sinn ech berufflech säit mengem Studium als Independant an Grënner vun verschidden Startups an Entreprisen am digitale Beräich ënnerwee.
Vir d'éischt war ech als Social Media Beroder e.a. fir d'Europäesch Kommissioun zu Lëtzebuerg ënnerwee; dono hunn ech 2013 zesumme mam Sven Clement d'Beroderfirma "Clement & Weyer - Digital Communication Consultants" gegrënnt. Säit 2022 schaffe mir bei AccountTech un Projete, déi den administrativen Alldag vu Privatstied a klengen Entreprise méi einfach mécht: bei taxx.lu kënnt der Är Steiererklärung online maachen an iwwer salary.lu loossen sech schnell an einfach Fiche de paien erstellen.
Méi zu menge professionelle Projete
Ech probéieren och a menge politesche Projete d'Méiglechkeete vum Digitalen ze benotzen, fir Prozesser ze vereinfachen, besser ze visualiséieren an esou méi Transparenz a politesch Entscheedungen ze bréngen. Ech hunn dofir En 2022 de Projet elus.lu lancéiert: hei visualiséieren ech d'Presenze vun de Deputéiert, d'Diversitéit an der Chamber, d'Interessenskonflikter a finanziell Interessien, a weisen och déi gewielte GemengevertriederInnen an Europadeputéiert un.
Méi zu mengen digitale Projets
A menger Fräizäit probéieren ech esou vill Zäit wéi méiglech mat menger Partnerin an onsen Déieren ze verbréngen. On 2 Hënn an onst Päerd halen ons och gutt op Trapp ;) Ech maache gäre Sport a wann d'Zäit et zouléisst bastelen ech u mengem Entertainment-PC oder starten eng Excursioun a virtueller Realitéit (VR).



