Digitalen Aktivist

A menge politesche Projete benotzen ech d'Méiglechkeete vum Digitale fir demokratesch Prozesser ze vereinfachen oder besser ze visualiséieren.

  • elus.lu

    De Projet 🗳 elus.lu regroupéiert déi Gewielten aus Lëtzebuerg fir Politikinteresséiert et ze erméiglechen déi lokal, national an europäesch Gewielten an d'politesch Parteien aus dem Land ze repertoriéieren.

En éischte Versuch fir méi Transparenz an d'Aarbecht vun de Lëtzebuerger Deputéierten ze brénge war Depuwatch: eng Plattform wou d'Walverhale vun den Deputéierten iwwersichtlech duergestallt gouf. Leider war den Opwand ze héich fir ons d'Informatiounen ëmmer à jour ze halen, woufir de Projet schliisslech huet misse gestoppt ginn.

Donnéeën a jour hale gouf dunn Enn 2022 méi einfach, nodeems d'Chamber verschidden Donnéeën als oppen Datesätz op data.public.lu verëffentlecht huet. Dëst huet mech motivéiert de Projet elus.lu ze starten: hei visualiséieren ech d'Presenze vun de Deputéiert, d'Diversitéit an der Chamber, d'Interessenskonflikter a finanziell Interessien, a weisen och déi gewielte GemengevertriederInnen an Europadeputéiert un.