(Baal) ganz Lëtzebuerg op Instagram

Social media

Instagram ass scho laang kee Geheimtipp méi – ëmmerhin huet Facebook schonn 2012 déi berühmten “1 Instragram” (1 Milliard $) fir d’Photo-App op den Dësch geluecht. An awer ass zu Lëtzebuerg, besonnesch bei Entreprisen an am ëffentleche Beräich, nach net ukomm, wéi vill (jonk) Leit och hei am Land Instagram benotzen.

Ech hunn dofir emol als klengt Experiment probéiert e puer Stied, Dierfer a Regiounen op Instagram ze fannen. Dobäi koum dës Kaart eraus, mat e puer ausgewielte Fotoen, an der Unzuel vun de Fotoen, déi mam jeeweilegen #hashtag markéiert goufen.

(vergréissert Versioun vun der Kaart)

Dës Illustratioun huet keen Usproch komplett ze sinn. Se gëtt awer en éischten Androck, wéi verbreed Instagram zu Lëtzebuerg ass – eleng 360.000+ Fotoe goufe mam Tag #Luxembourg markéiert, ma och weider Stied si gutt vertrueden, wéi z.B. Dikrech mat 1.585 Posts, Veianen mat iwwer 4.000 Photoen oder Déifferdeng mat iwwer 1.100 Posts!

Mäi Profil op Instagram

Jerry Weyer

Jerry Weyer co-founded Clement & Weyer Digital Communication Consultants in 2014 and consults European institutions in Luxembourg on social media management. He studied European law at Université Robert Schuman in Strasbourg and at the London School of Economics and Political Science. He is a founding member of Pirate Party Luxembourg and former Co-Chairman of the Pirate Parties International (PPI).

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *