CSV-Fraktioun géint Anonymitéit vun der “elektronescher Blogosphère”

Luxembourg Politics

An Däitschland huet d’Bundeskanzlerin den Terme #Neuland geprägt an domat weider ënnerstrach, wéi wäit vill Entscheedungsträger nach vun engem Verständnis vum essentielle Medium Internet sinn. Natierlech hält dat keng Regierung dovun of technesch an onsënneg Reegele fir InternetbenotzerInnen ze fuerderen an ëmzesetzen. Internetfilter, Cyberofwierkommandozentralen, en Europa-Net, eng Absurditéit no där aner soll ëmgesat ginn. Do dierf Lëtzebuerg natierlech net zréck bleiwen an dofir huet d’CSV-Fraktioun de Justizminister an enger Question Parlementaire gefrot, op en net kuerzerhand d’Anonymitéit um Internet kann ofschafen. Wéi de Ministère elo matgedeelt huet ass dat net geplangt – anonym surfen wier souwisou net méiglech.

Iwwer elektronesch Blogosphèren

Säit de Neiwalen bemierkt een eng méi héich Aktivitéit vun Deputéierten a PolitikerInnen op de sozialen Netzwierker. Et gëtt getwittert, geblogged a gefacebooked. Dat ass eng gutt Entwécklung, bréngt se d’Politik méi no un d’BiergerInnen.

Leider hëlt d’CSV-Fraktioun dës Entwécklung zum Ulass, sech ouni Berodung zu engem Thema ze äusseren, vun deem se ganz offensichtlech nach net d’Enjeue verstanen hunn. Sou fuerdert d’CSV-Fraktioun an enger Question Parlementaire de façon “quasi-unanime” datt Kommentaren “ënnert dem Deckmantel vun der Anonymitéit oder zeg Pseudonymen” an der “elektronescher Blogosphère” sollen “rendu impossible” ginn.1

blogo

(Zitat Mars di Bartolomeo, Extrait aus der Question parlementaire)

Wat eng elektronesch Blogosphère ass (am Géigesaz zu enger… net elektronescher?), dat weess wuel just d’CSV-Fraktioun2. Wéi de Lëtzebuerger Justizministère soll verhënneren, datt eng amerikanesch Bloggerin a Schweden e Server lount an e Blog hostet an deem se sech iwwer d’Naivitéit vun der CSV-Fraktioun opreegt, dat weess och just d’CSV-Fraktioun. Wisou e Verbuet vun anonymer Kommunikatioun um Netz keng Aschränkung vun der Meenungsfräiheet soll sinn, dat weess wuel och just d’CSV-Fraktioun.

Léif CSV-Fraktioun: en Twitter Account an dräi Facebook Säite maachen nach keng Internetexperten. Dir sidd déi gréissten Oppositiounspartei aus dem Land: ëm Gottes wëllen, loosst iech dach beroden, ier der esou Fuerderungen opstellt!

Iwwer (ageschränkte) Meenungsfräiheet

Ech sinn der CSV-Fraktioun awer dankbar, datt se dës Question parlementaire gestallt huet. D’Äntwert ass nämlech interessant:

En effet, l’anonymat sur Internet n’est pas absolu et il est toujours possible de retracer moyennant l’adresse IP (ce sont des adresses numériques qui sont attribuées aux ordinateurs qui sont connectés à Internet afin de permettre la communication entre ces derniers) l’ordinateur dont est parti le message.

Léiw BloggerInnen: wann der sensibelt Material verëffentlecht, eng Meenung vertrëtt, déi PolitikerInnen kéinten als Beleidegung empfannen oder fäert Ären Job kéinten ze verléiere, wëll der Mëssstänn opdeckt: verlosst iech net op de Justizministère!

Léif BloggerInnen: benotzt Tor!

Show 2 footnotes

  1. Dëst no enger Äusserung vum LSAP-Parlamentspräsident an déi selwescht Richtung.
  2. An de Chamberpräsident.

Jerry Weyer

Jerry Weyer co-founded Clement & Weyer Digital Communication Consultants in 2014 and consults European institutions in Luxembourg on social media management. He studied European law at Université Robert Schuman in Strasbourg and at the London School of Economics and Political Science. He is a founding member of Pirate Party Luxembourg and former Co-Chairman of the Pirate Parties International (PPI).

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *