Gamification a Politik – Mobilitéitszentral léisst et rullen

Luxembourg Politics
CC BY JD Hancock

‘Gamification’ ass keng nei Erfindung. Iwwer de spilleresche Wee seng Mark verbreeden ass näischt neits a gouf eréischt virun e puer Deeg beim beléiften online Gameshop ‘Steam‘ agefouert. Manner evident gëtt et am politesche Business – den Opwand gréisser Spiller op d’Been ze stelle kann héich sinn an et muss gutt iwwerluecht sinn wéi en Message een wëll verbreeden: esou Spiller kënne schonn emol extrem domm oder iwwerflächlech sinn an domadder indirekt den generellen (negativen) Androck vun “der Politik” vermëttelen.

Interessant gëtt et wann iwwer Interaktivitéit Wëssen an Informatioun vermëttelt gëtt. Abgeordnetenwatch huet a Kooperatioun mat Spiegel Online en Abgeordnetenquartett op d’Been gestallt, wat en éischte Schrëtt an dës Richtung ass.

MTV (jo deen MTV) huet bei der läschter Presidentschaftswahl an den USA gewisen, wéi et nach besser geet: de Museksender, dee virun allem vu jonke Leit gekuckt gëtt, huet e bekannt Konzept aus den USA (Fantasy Leagues) geholl an op Politik ugewannt: MTV Fantasy Election ’12. D’BenotzerInnen konnte Punkte sammele wann “hier” KandidatInnen éierlech, transparent oder biergerno waren an koumen doriwwer net nëmme mat Politik a Kontakt, ma iwwer sozial Medien och direkt mat de KandidatInnen.

Zu Lëtzebuerg ass mer nach keng esou gelongen Ëmsetzung vu politeschem ‘Gamification’ bekannt. Haut hunn ech awer en Beispill fonnt, un deem sech politesch Parteie kënnen orientéieren.

D’Molbilitészentral ass zwar keng politesch Partei, verbënnt mam online Spill “Loss et Rullen” awer de ‘gaming’ Aspekt mat engem moraleschen an ideologesche Message, deen esou och vun enger Partei hätt kéinte kommen. Ouni et mam Hummer anzeschloe léiert een iwwert de Wee vum Spill, dass Autofueren CO2 produzéiert an een mam Vëlo an ëffentlechen Transport méi schnell ënnerwee ass. Dat klassescht Zeeche vun ‘gamification’ – en Highscore – dierf natierlech net feelen. Interessant och d’Abanne vu soziale Medien – den Highscore kann op Facebook gedeelt ginn an bréngt esou Frënn op de Site.

‘Gamification’ ass en Trend, deen och wäert an der Politik méi regelméisseg optauchen. Nieft dem kuerzweilege Spaass an dem duerchaus positiven Aspekt vum Informatiounsgewënn fir d’Benotzer besteet awer och de Risiko, dass Politik nach méi zur Medieshow verkënnt an Inhalter verkierzt duergestallt ginn. Et läit also um Produzent sécher ze stellen, dass de BenotzerInne vermëttelt gëtt, dass do nach méi derhannert stécht, wéi e puer Highscores. Wëll Politik ass kee Spill, ma kann awer Spaass maachen!

Jerry Weyer

Jerry Weyer co-founded Clement & Weyer Digital Communication Consultants in 2014 and consults European institutions in Luxembourg on social media management. He studied European law at Université Robert Schuman in Strasbourg and at the London School of Economics and Political Science. He is a founding member of Pirate Party Luxembourg and former Co-Chairman of the Pirate Parties International (PPI).

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *