De Courage fir eng fair a modern Steierreform
De Budget 2023 gouf leider ouni grondleeënd Steierreform gestëmmt ginn. Dobäi dréit den aktuelle Steiersystem dozou bäi, datt d'Scheier tëscht Aarm a Räich zu Lëtzebuerg ëmmer weider ausernee geet.
- Singlen ginn nach ëmmer méi besteiert wéi bestuete Koppelen.
- Wittfraen a Männer falen no 3 Joer vun der Steierklass 2 an déi méi defavorabel Steierklass 1a zréck.
- Dividenden an Investissementer ginn ahnescht besteiert wéi d'Salairen.
Onsen aktuelle Steiersystem defavoriséiert Elengerzéiender
Leider gouf eng Motioun vum Sven Clement refuséiert, dës Elteren ze entlaaschten andeems de Steierkredit fir elengerzéiend Elteren #CIM) automatesch ofgehalen oder ausbezuelt gëtt.
Elengerzéiender gehéieren zu de Gruppen hei am Land, déi dem Aarmutsrisiko am meeschten ausgesat sinn. Fir deem entgéint ze wierke gëtt et de CIM, deen aktuell bei 1.500 € läit, awer soll (laut Ukënnegung vun der Finanzministesch) op 2.505 € gehéicht ginn.
D'Applikatioun vum CIM ass awer net automatesch, mee muss explizitt op der Steiererklärung ugefrot ginn! Dëst benodeeleg net just déi Elteren, déi net wëssen, datt se en Urecht op dës Mesure hunn, mee bedeit och, datt se vun dëser Ënnerstëtzung net direkt profitéieren, ma eréischt versat nodeems eng Steiererklärung deposéiert an traitéiert gouf.
D'Erhéijung vum CIM ass e richtege Schrëtt, mee et muss eng Léisung fonnt ginn den elengerzéiende Steierzueler de Montant vum CIM automatesch ofzehalen oder auszebezuelen an dëst pro Mount an ouni mussen eng Demande dofir ze maachen!

D'Motioun vun de Piraten Lëtzebuerg ass um Site vun der Chamber ze fannen. D'DP, d'LSAP an déi Gréng hunn dogéint gestëmmt.
Informatiounen zum CIM a wéi een en kann ufroen ginn et op MyGuichet.lu.
E vereinfachten, fairen Steiersystem
Laangfristeg brauche mer eng eenzeg Steierklass fir jiddereen, amplaz en System, deen e bestëmmte Liewensmodell fiskal favoriséiert.
Onse Steiersystem muss vereinfacht ginn an all Akommes soll selwecht besteiert ginn.
Fir dat ze finanzéiere muss d'Steiertabell ugepasst ginn:
- mat engem méi héische Spëtzesteiersaz bis zu 49%
- weideren Tranchen ab engem Joresakommes vun 200.000 €
- all Akommenszorte musse gläich besteiert ginn.
Mee och kuerzfristeg muss nogebessert ginn:
- de Crédit d'impôt fir Aléngerzéiend muss automatesch ausbezuelt ginn,
- Prozedure musse vereinfacht ginn, z.B. fir eng Allocation de vie chère oder Prime énergie unzefroen,
- de Mindestloun soll steierfräi ginn.

Lauschtert iech gären nach emol d' Ried vum Sven Clement zum Thema Steierreform un, déi hien de 14 Juli 2022 an der Chambre des Députés Grand-Duché de Luxembourg gehal huet.
Tripartite als Plooschter op strukturell Probleemer
Och mam Accord vun der Tripartite ginn déi strukturell Probleemer weider net ugepaakt, an dofir brauch et:
- Eng koherent #Steierreform, sozial gestaffelt, bei där Leit a méi prekäre Situatiounen ënnerstëtzt ginn (z.B. Elengerzéiend) a strukturell Inegalitéite reduzéiert ginn (z.B. Besteierung vu Singlen, ënnerschiddlech Besteierung vun Aarbecht an aner Akommes).
- Eng systematesch Rektifikatioun vun de Feeler an der #Logementspolitik vun de leschten 20 Joer, mat klorem Fokus dorobber méi Terrain ze bebauen, Primo-Acquereuren ze ënnerstëtzen an d'Spekuléiere mat Wunnengen ze ënnerbannen.
- En kloren Engagement bürokratesch Hürde beim Staat ofzebauen an d'Depensen ze analyséieren, hannerfroen an reduzéieren, do wou se enger struktureller Reform am Wee stinn.
Déi kuerzfristeg Mesurë vun der Tripartite sinn e begréissenswäerte Kompress, mee et brauch de Courage och endlech déiwgräifend Reformen unzegoen, amplaz sech vun enger kuerzfristeger Mesure an déi nächst ze manövréieren!