Ech läschen endlech mäi Twitter Konto
12 Joer no mengem éischten Tweet läschen ech mäin Twitter Konto. Ënnert dem Elon Musk ass Twitter zu enger Plattform ginn déi aktiv Haass, Fanatismus an antidemokratesch Tendenze fërdert, ouni Indikatioun datt dëst geschwënn wäert änneren.
Twitter huet scho méi laang seng Probleemer, och ier den Elon Musk d'Plattform kaaft huet - d'Diskussioune ronderëm d'Suspensioun vun Konte vu bekannte Perséinlechkeete war just eng dovunner.
Ech hat ëmmer eng nostalgesch Preferenz fir Twitter. Mäin aktuellen Haaptkonto gouf am Joer 2011 erstallt, just wéi d'sozial Netzwierker benotzt (an dofir zenséiert) goufe fir wärend de Protester am arabesche Fréijoer Informatiounen ze verbreeden. Ech hunn d'Aarbecht vun Telecomix verfollegt, déi den Internet (an domat d'Meenungsfräiheet) an der Regioun rëm wollten opbauen, an esou der Zensur entgéintgetruede sinn.

Zënter datt den Elon Musk Twitter iwwerholl huet, gesinn ech e rapide Wuesstem vu Spam, besonnesch Krypto-Scams, déi als Mentions oder Privatnoriichte verschéckt ginn. Ëmmer méi rassistesch, fraefeindlech oder homophob Tweets erschéngen a menger Timeline and de Musk selwer befërdert seng Tweets reegelméisseg a meng "For you" Sektioun. Nativ (net bezuelte) Reechwäit ass drastesch erofgaangen - ausser et bezuelt ee fir "Twitter Blue", wat ech kategoresch refuséieren ze maachen.
Am Ufank, no den éischte Feeler vum neie Besëtzer war meng Absicht op Twitter ze bleiwen bis et iergendwann ënnergeet. Ech wollt déi Plattform, op där fräi Meenungsäusserung emol gefërdert gouf net opginn. Oder, vläicht e méi éierleche Grond, ech wollt d'Plattform net opginn, op där ech zënter Jore méi Follower a Reechwäit hat wéi op all aner Plattforme kombinéiert.
Zu Lëtzebuerg gouf Twitter vun enger klenger Communautéit, digital natives, JournalistInnen an ëmmer méi PolitikerInne benotzt. Et huet ni eng kritesch Mass am Verglach zu Facebook an Instagram erreecht, mä déi lescht Jore gouf et ëmmer méi vu PolitikerInne benotzt fir hir Positiounen an Iwwerzeegungen ze verëffentlechen, mat méi wéi genuch Journalisten déi prett ware fir d'Tweets an engem Artikel oder enger anerer Publikatioun ze promoten.

Méi a méi hunn ech déi lescht Wochen d'Onzefriddenheet gemierkt wann ech d'Twitter App opmaachen. Net wéinst deenen de konstanten Diskussiounen tëscht PolitikerInnen (ech sinn déi gewinnt 😉), mee Twitter koum erëm eng Kéier an de Fokus well den ëffentlechen Discours probéiert gëtt ze manipuléieren an d'ëffentlech Meenung op antidemokratesch Siichtweisen ze riichten.
Twitter huet den National Public Radio an d'BBC als " state-affiliated media" bezeechent, änlech wéi déi russesch Propagandachäine Russia Today. Doniewt gouf gewisen, datt den Twitter Algorithmus Tweets iwwer déi russesch Invasioun an der Ukrain manner oft uweist. Währenddem dierf de fréiere russesche President Tweets verschécken, déi engem Opruff fir e Genozide an der Ukrain geféierlech no kommen - en Tweet mat 13,7 Millioune Views and counting ...
Twitter favoriséiert "Enragement" iwwer "Engagement", down-ranked glafwierdeg Quellen op Uerder vun engem megalomanesche Milliardär, dee léiwer kontrovers Positioune promouvéiert wéi zivil Diskussioune fërdert. D'Plattform ass domat kaum méi vun engem Donald Trump sengem "Truth Social" ze ënnerscheeden, wat aktuell ëmmerhi just an den USA accessibel ass.
Ech géif mech net op dem Donald Trump seng Plattform umellen, firwat soll ech um Elon Musk senger Spillplaz matmaachen?
Twitter verloossen huet Null Impakt op den Elon Musk oder seng Plattform, mee ass eng reng perséinlech Entscheedung eng Plattform ze verloossen, där hier aktuell Philosophie grondleeënd verschidde vu meng Wäerter ass. Well eng Saach ass kloer: Twitter benotze mécht mir kee Spaass méi.