Eng gerecht Steierpolitik

Jerry Weyer
Onsen aktuelle Steiersystem ass ongerecht, benodeelegt systematesch verschidde Kategorie vu Persounen an Aarbecht gëtt generell méi taxéiert wéi aner Source vu Revenue. Ech sëtze mech a fir e méi gerechte Steiersystem, mat transparente Reegele bei deenen déi, déi vill hunn deenen déi manner hunn ënnert d'Aërm gräifen.
Eng Steierklass fir jiddereen - onofhängeg vum Bezéiungsstatus
En einfacht a gerecht Steierrecht suergt dofir, dass jiddereen eng Chance an eiser Gesellschaft huet. Dofir fuedere mir eng komplett Individualbesteierung an enger Steierklass fir jiddereen.

Et ass et net akzeptabel, dass eise Steiersystem nach ëmmer ee Liewensmodell belount an een anere bestrooft.
› D’Zil ass eng komplett Individualbesteierung, bei där all Persoun gläich behandelt gëtt, onofhängeg vum Bezéiungsstatus.
Kuerzfristeg bedeit dëst fir ons:
- Elengerzéiend an d’Steierklass 2 ze setzen. Dës Persoune gehéieren aktuell mat engem Aarmutsrisiko vu 40% zu de vulnerabelste Persounen hei am Land.
- Witwesteier ofschafen an déi betraffe Leit net méi an d’Steierklass 1a zréck falen, mee an der Steierklass 2 bleiwen loossen.
Fir dëst ze finanzéieren roden mir zu enger Erhéijung vum aktuelle Spëtzesteiersaz vun aktuell 42% op 47%. Dës Erhéijung sollt iwwert d’Aféierung vu weidere Besteierungstranchë bis 600.000€ pro Persoun Joresakommes geschéien. Dës Moossnam kéint de Berechnunge vun der Steierverwaltung no iwwer 300 Milliounen zousätzlech an d’Staatskeese bréngen, déi fir d’Steierreform genotzt solle ginn.
Laangfristeg wëlle mir eng komplett Individualbesteierung, andeems mir eng negativ Akommessteier aféieren. Eng negativ Akommessteier heescht, dass een eréischt ab engem méi héijem Akommes ufänkt Stéieren ze bezuelen. All Persoun ënnert deem Montant kritt Geld vum Staat zeréck, all Persoun driwwer fänkt un ze bezuelen.
Steierbarème all Joer indexéieren
All Indextranche kënnt mat enger Steiererhéijungan doduerch geet d’Kafkraaft vun de Leit erof.
› D’Piraten wäerten sech dofir fir eng järlech Indexéierung vum Steierbarème asetzen.

Mat all Indextranche kritt een 2,5% um Bruttoloun bäi. Netto bleiwen awer keng 2,5% iwwreg, well een mat méi Bruttoloun och méi Steieren muss bezuelen. All Index kascht ee Mindestlounempfänger ronn 10€ pro Mount vu senger Kafkraaft an de Staat hëlt sech iwwert eng verstoppte Steier méi Suen eran.
Fir déi Situatioun z’änneren, muss de Steierbarème mat indexéiert ginn, dat awer enger Deckelung op den héchsten Tranche vum Barème.
Den aktuelle System vun der Akommessteier ass oniwwersiichtlech, ineffikass an ongerecht. Generell wellen mir eng Vereinfachung vum Steierrecht - dëst géif bewierken, dass mer vill Ressourcë bei der Steierverwaltung fräi maachen an een transparente System kënnen opbauen, dee vun de Leit verstanen a selwer gerechent ka ginn.
Weider Informatioune fannt dir op https://piraten.lu.