Fir eng digital inklusiv Gesellschaft
Den nationalen Aktiounsplang fir digital Inklusioun präsentéiert flott a sënnvoll Projeten, mee geet menger Meenung no net wäit genuch. Et feelt awer den kloren Opruff fir den ëffentleche Secteur se responsabiliséiere selwer méi Efforten ze maachen.
Santé digitaliséieren
Den Dossier eSanté ass scho fir Leit, déi sech an der digitaler Welt doheem fillen schwiereg ze managen. Wien awer souwisou net esou gutt mam PC oder Handy eens gëtt, kritt et ganz schwéier gemaach en "Dossier de soins partagé" unzeleeën a mat sengen Dokteren ze deelen.
Ech weess aus eegener Erfarung datt heinsto Dokteren net wësse wéi deen Dossier funktionéiert, oder se net am System ze fanne sinn, oder d'Fräischalte vum Dokter net funktionéiert. Hei ass definitiv Handlungsbedarf!

Initiative fir d' Reparature vu Geräter fërderen
Digital Inclusioun fänkt awer iwwerhaapt emol beim Accès zu engem PC oder Handy mat Internetconnectioun un - an och zu Lëtzebuerg ginn et vill Leit, déi sech en neien iPhone oder Laptop net kenne leeschten. Hei feelt mer am Aktiounsplang eng Initiative fir d' Reparature vu Geräter ze fërderen a Ressourceverschwendung ze vermeiden. Den Oekozenter Pafendall an de Mouvement Ecologique hunn eng interessant Campagne lancéiert, déi ech ech iech ka recommandéieren.
Den nationalen Aktiounsplang fir digital Inklusioun iwwer deen den 26 Oktober 2022 an der Chamber diskutéiert gouf proposéiert Léisungsvirschléi fir eeler Leit, Persoune mat Behënnerung, wéineg qualifizéiert Leit a Leit am Chômage, Migranten, jonk Fraen a Männer den Accès zu digitalen Outilen ze vereinfachen. Et gëtt no Collaboratioune gesicht, Etüden an Informatiounscampagne gemaach, nei online Portaler erstallt, Formatiounen ausgeschafft a vill aner - flott a sënnvoll - Projeten op d'Been gestallt. D' Piraten an der Chamber mam Sven Clement a Marc Goergen hunn d'Motioun vun der DP dofir och matgestëmmt.
Den Aktiounsplang ass op ass op gouvernement.lu ze fannen.
Accessibilitéit vun ëffentleche Säiten garantéieren
D'Accessibilitéit vun ëffentlechen Informatioune muss garantéiert sinn - dat ass leider net ëmmer de Fall.
De SIP huet Accessibilitéitsprobleemer fir 25.398 PDF-Dateien op de meescht besichten ëffentleche Siten zu Lëtzebuerg analyséiert - 59% vun de Fichieren, déi net vun der Accessibilitéitsfuerderung befreit sinn, sinn net esou markéiert, datt se fir Leit mat enger Behënnerung accessibel sinn.
Onzougänglech PDFs sinn e grousse Probleem fir Leit déi blann oder sehbehënnert sinn, déi ouni proppere Formattage keen Zougang zum Inhalt vun dësen PDFs hunn.
Dir fannt de Bericht mat allen Detailer op accessibilite.public.lu.