Méi Efforte fir d'Rechter vun LGBTIQ+ Mënschen ze schützen
Haut ass Internationalen Dag géint Homophobie, Biphobie, Interphobie an Transphobie. 🏳️🌈
Ech si frou, an engem Land ze liewen, wou et net verbueden ass, net heterosexuell ze sinn. Et ass awer net alles gutt. D'Efforte fir de Schutz vu LGBTIQ+ Mënschen sinn am Stëllstand.
- Automatesch Unerkennung vun der Elternschaft,
- kierperlech Selwerbestëmmung vun intersex Mënschen,
- Ännerung vum Etat civil
... alles Punkten, déi mussen op de politeschen Agenda.

D'Léierpersonal, d'Leit an de Gesondheetsberuffer, d'Policeagenten, d'Justiz a vill aner staatlech Acteure mussen an deem Thema besser forméiert ginn.
D'Zil muss et sinn, als progressiivt a modernt Land nach an der éischter Hallschent vun der kommender Legislaturperiod eng Beschtplazéierung am ILGA-Europe Index vun de LGBTIQ-Rechter ze erreechen. An dësem Index ass Lëtzebuerg elo 2 Joer hannerteneen am Ranking erofgerutscht. Dat musse mer besser maachen!
Den Detail zum Rainbow Europe Index 2023 an der Placéierung vu Lëtzebuerg gëtt et bei Rosa Lëtzebuerg.