National an europäesch Korruptiounsbekämpfung

Do wou Muecht ausgeüübt gëtt, gëtt probéieren se ze influenzéieren. Encadréierte Lobbyismus ass legitim, Korruptioun ass kriminell.

Am Corruption Perceptions Index vun Transparency International gëtt Lëtzebuerg extra ernimmt als eent vun dee Länner, dat an deene leschte 10 Joer signifikant Plazen an dësem Anti-Korruptiouns-Ranking verluer huet - eng schlecht Entwécklung!

Plaz 10 weltwäit kléngt gutt, ma et gëtt e konstanten Trend no Ënnen deen engem muss engem ze denke ginn.

Mir kënnen ons net erlaben, datt den Androck entsteet, de Potential fir Korruptioun géif zu Lëtzebuerg an d'Luucht goen!

D'Konsequenze wieren weider Politikerverdrossenheet a Mësstrauen an d'ëffentlech Verwaltunge bei Bierger, Firmen an Investisseuren.

An deene verschidden Eenzelindexen a Sondage aus dem Corruption Percection Index schneid Lëtzebuerg säit 2015 konstant méi schlecht of. 2015 war de Score nach 85, 2022 si mer op 77 📉.

Den Index bewäert all Joer 180 Länner an Territoiren nom Level u Korruptioun, deen a Politik an Administratioune wouergeholl gëtt. Detailer zum CPI fannt dir op an dem Index fir Lëtzebuerg fannt der op Transparency.org

Wichteg Dossier wéi...

  • en Informatiounszougangsgesetz mat Bëss,
  • en anstännegt a sënnvollt Lobbyregëster,
  • en regléierten Accès op de Registre des bénéficiaires économiques

...schleefe säit Joren oder entwéckelen sech an déi falsch Richtung.

Wat hälls Du dovunner? Schreiw mir gären Däi Kommentar op Facebook.

Datt Korruptiousbekämpfung net dierf schleefe gesi mer op europäeschem Niveau. Eng Vize-Präsidentin vum Europaparlament gouf wéinst Korruptiounsverdacht verhaft. Katar (déi mat der WM 😤) soll verschidde PolitikerInnen "Säck mat Geldschäiner" zougestach hunn, fir sech esou Virdeeler am Europaparlament ze erkafen.

D'Europaparlament huet Reegele fir Lobbyismus ze encadréieren, ma vill Deputéiert decidéieren hier Kontakter net ze publizéieren. Den Transparenzregëster zu Lëtzebuerg ass eng eenzeg Katastroph wann et drëms geet Lobbykontakter ze tracéieren.

Lobbyismus ass keng Korruptioun, mee just wann d'Lobbykontakter och systematesch tracéiert gi verhënnere mer de Soupçon vu Korruptioun opkommen ze loossen.

Wat hälls Du dovunner? Schreiw mir gären Däi Kommentar op Facebook.