Weider Themen

jerry weyer avatar

Jerry Weyer

Weider Themen, déi mer a menger politescher Aktivitéit wichteg sinn.

Fir eng méi demokratech EU

Den 13. September 2023 präsentéiert d'Kommissiounspräsidentin Ursula von der Leyen hier Ried zur Lag vun der EU (SOTEU23). Och d'Chamberwale wäerten en Afloss op d'EU-Politik hunn - vill Decisioune ginn am Ministerrot geholl, an deem och Lëtzebuerger Regierungsmember sëtzen.

Wichteg Theme ginn et genuch: den Ugrëffskrich vu Russland an der Ukrain, Léieren aus der sanitärer Kris, onse Kontinent leit ënnert dem extreme Wieder. An do war jo nach déi Korruptiounsaffär vun den Europadeputéiert...

Fir eng méi demokratech EU Grafik Jerry Weyer

Wat leider wäert feelen am Discours wäerte konkret Pläng sinn, d'EU-Institutioune weider ze demokratiséieren. D’europäesch Institutioune musse méi demokratesch an transparent ginn. Am aktuellen EU-Gesetzgebungsprozess dominéiert d’EU-Kommissioun op Käschte vum europäesche Parlament.

  • D’EU-Kommissiounspresident:in muss direkt an den Europawale gewielt ginn;
  • D’EU-Parlament muss och endlech déi voll Muechte vun engem Parlament kréien. Dozou gehéiert d’Initiativrecht fir Gesetzespropose kënnen ze deposéieren an d’Recht iwwert den EU-Budget z’entscheeden;
  • D’Bierger:inne mussen iwwert de Wee vun thematesche Referende méi agebonne ginn;
  • D’Leit sollen esou wäit wéi méiglech duerch digital Moyenen an den Alldag vun den EU Institutiounen agebonne ginn;
  • Ee komplett Transparenzregester fir all Treffe vun all Europa Deputéierten, EU-Kommissär:innen an hire Mataarbechter:innen.

Déi nationalistesch Stréimungen an Denkbeweegungen an Europa sinn an de leschte Joren ëmmer méi present ginn. Ech sinn der Iwwerzeegung, dass et kloer Alternative gëtt zu Iddien, déi op engem Gesellschaftsbild opbauen, dat vun Angscht, Haass a Verzweiwlung definéiert ass.

Mer brauchen een Europa, an deem all Mënsch seng Chancë soll kréien, egal wéi eng Hautfaarf, Nationalitéit oder Relioun en huet.

Ech hoffen d'EU-Kommissiounspräsidentin erënnert sech muer un déi Grondsätz vun der europäescher Gemeinschaft.

E Liewe fräi vun Diskriminéierung a Gewalt

D’Piratepartei mecht sech staark fir eng tolerant an oppe Gesellschaft. Xenophobie, Homophobie an all Art vun Diskriminéierung a Gewalt hunn an esou enger Gesellschaft keng Plaz. Jidderee muss d’Recht hunn, säi Liewe fräi an ouni Angscht gestalten ze kënnen ganz onofhängeg vu sengem Geschlecht, senger Relioun, senger Hierkonft, senger Hautfaarw oder der Form vu senger Partnerschaft.

E Liewe fräi vun Diskriminéierung a Gewalt Grafik Jerry Weyer

Mir fuerderen dofir:

  • Streng Bestrofung vu geschlechtsspezifescher, homophober, transfeindlecher a rassistesch motivéierter Gewalt;
  • Verbuet vu Konversiounstherapien, mat deenen LGBTIQ+-Persounen vun hirer Geschlechtsidentitéit oder sexueller Orientéierung “geheelt” solle ginn;
  • Eng zentral Ulafstell, wou Affer vu (sexueller/sexualiséierter/geschlechtsspezifescher) Gewalt kënne medezinesch, juristesch a psychologesch Hëllef kréien ouni dofir bei zësch verschidde Servicer mussen ze goen.

De Staat soll jideree virun Ongläichheeten, Disriminéierung a Gewalt schützen, ouni ee Liewensmodell ze favoriséieren. An enger moderner a fairer Gesellschaft dierfen d’Geschlecht, d’Hierkonft an/oder de sozio-ökonomeschen Hanndergrond net iwwert d’Chancen an d’Fräiheeten am Liewe bestëmmen.

Weider Informatiounen op https://piraten.lu.

jerry weyer avatar
Jerry Weyer
Kandidat fir d'Chamberwalen fir d'Piraten (Zentrum)
Ech si Kandidat am Zentrum fir d'Pirate fir d'Chamberwalen 2023. Ech hunn 37 Joer a schaffen als digitalen Entrepreneur mat menger Ekipp an onsem Startup un Léisunge fir administrativ Prozesser méi einfach ze maachen. Op dësem Site fannt dir meng politesch Prioritéiten - an zéckt net bei Froen oder Kommentare mir op engem vu menge Profiller op de sozialen Netzwierker ze schreiwen!