Sozial Medien als Chance den Discours Politiker – Bierger ze verbesseren

Luxembourg Politics
CC BY Birger King

Lëtzebuerger Politiker doen sech schwéier mam Internet. Ob se déi einfacht Konzepter net verstinn, d’Thema net a Perspektive kënne setzen, oder sech einfach weigere Fakten ze akzeptéieren; Politiker a Lëtzebuerg fäerten den Internet méi wéi se e verstinn. Dës Generaliséierung léist sech natierlech nëmme mat engem Géigebeispill beweisen! Unhand vum François Bausch wëll ech hei duerstellen, wéi Politiker zu Lëtzebuerg sozial Medie benotze kënnen an de politieschen Discours mam Bierger verbessere kënnen.

“2-way” Medien als virtuell Dëppefester

De grousse Virdeel vu soziale Medie ass, dass se Benotzer erlaben op gläichen Niveau mateneen ze diskutéieren. Fir wierklech vun dëse Medien ze profitéiere musse Politiker bereet sinn op Froen ze äntwerten a selwer den Dialog sichen.

Sozial Medien als weider “Einwegmedium” ze benotzen ass net sënnvoll (z.B. LSAP op Twitter). Dofir sinn Pressematdeelungen oder -konferenzen, Websäiten oder Vidéoen do. Wéi et richteg gemaach gëtt weist säit dem 20 Juni den Francois Bausch (Déi Gréng) op Twitter: vill vun senge Tweets sinn Äntwerten op Froen vun aneren Benotzer. D’Troll-Resistenz, déi ee fir sozial Medien braucht ass vorhanden, grad sou wéi d’Bereetschaft serieux an kritesch Diskussiounen ze féieren. Nieft de politeschen Tweets ginn et och puer “privat” Abléck, sinn se nach sou onbedeitenden. Duerch sou privat Message kompletéiert de moderne Politiker d’Visiten op den Dëppefester wou et drëms geet sech volleksno a biergerlech ze weisen1.

Politesch Parteien hunn d’sozial Medie virun e puer Joer fir sech entdeckt. En lokal Sektioun ass ouni eegen Facebook Page schlecht vir ze stëllen, och op Twitter ginn d’Parteie méi aktiv2. Dat positiv Beispill vum F. Bausch, als Member vum lëtzebuergeschen Parlament, ass awer nach eenzegaarteg3; mathale kënnen héchstens nach den Xavier Bëttel an den Claude Turmes. Dobäi ass den Discours mam Bierger sou wichteg als Politiker!

Discours Bierger – Politiker: et muss jo net onbedéngt Twitter sinn!

Natierlech muss en Deputéierten net op Twitter oder Facebook aktiv sinn. All sozial Netzwierk huet seng Reegelen, säi “Slang”, seng Insiderwitzer, déi kënnen ofschrecken. Donieft ginn et genuch aner Méiglechkeete mat de Bierger a Kontakt ze trieden; nieft de klassesche Moyens wéi Telefon, E-Mail, Bréiwer oder eege Websäit kann een op Formspring, Facebook oder Chats zréckgräifen.

Politiker hunn souguer hiert eegent sozial Netzwierk: politikercheck.lu Dës Plattform ass extra dofir gemaach mam Bierger a Kontakt ze bleiwen, wann och haaptsächlech an eng Richtung (Bierger – Politiker). Politikercheck léist sech gutt mat aner Moyen kombinéieren fir weider Diskussiounen ze féieren, ob der Base vun deem wat d’Politiker op déi éischt Fro geäntwert hunn. Dofir misst dëse Service awer mol genotzt ginn. Souwuel Froen vun de Bierger als och Äntwerte vun de Politiker ginn et der vill ze wéineg!

Huet de Politiker a Lëtzebuerg vläit ze wéineg Zäit fir sech mat de Froe vun de Bierger ze beschäftegen? Kann een sech kaum virstellen an Zäiten wou Deputéiert Gewerkschaften uféieren4, an Opsichtsried sëtzen, Gemengepolitik maachen oder ein Beruff nieft dem Deputéierten ausüben. Als Deputéiert an Regierung dem Bierger Ried an Äntwert stoen ass net eppes vir niewebäi ma Bestanddeel vum Job!

Show 4 footnotes

  1. ;)
  2. z.B. déi Gréng, déi Lénk, LSAP
  3. Ech si mer bewosst, dass den Account vum F. Bausch nach net laang aktiv ass an sech dat schnell kann änneren. Ech ginn héi awer mol vum “benefit of the doubt” aus.
  4. Oder grad net méi ;)

Jerry Weyer

Jerry Weyer co-founded Clement & Weyer Digital Communication Consultants in 2014 and consults European institutions in Luxembourg on social media management. He studied European law at Université Robert Schuman in Strasbourg and at the London School of Economics and Political Science. He is a founding member of Pirate Party Luxembourg and former Co-Chairman of the Pirate Parties International (PPI).

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *