Verschlësselung ass keng Léisung!

Politics
CC BY Yuri Samoilov

PRISM, Tempora a Co. si schlëmm. Ganz schlëmm souguer. Et gouf scho vill driwwer geschriwwen dofir halen ech mech kuerz: Iwwerwaachung féiert dozou, dass Mënschen net méi fräi kommunizéieren an hier Meenung net méi fräi äussere wäerten. Och wann et am Internet genuch Leit ginn, déi zu Allem eng Meenung hunn an net ëmmer déi richteg, sou ass dat awer besser wéi eng Selbstzensur duerch Iwwerwaachung.

D’Reaktioun aus der Tech-Szene huet net op sech waarde gelooss: “Benotz ebe Verschlësselung, komm ech weisen der wéi PGP funktionéiert”. Och wann dës Propose sécherlech gutt gemengt ass, kann se net d’Äntwert op flächendeckend Iwwerwaachung sinn. Vir vill Mënschen ass den Internet haaptsächlech den World Wide Web – iwwer Facebook gëtt sech mat Frënn ënnerhalen, op Flickr Biller ropgelueden, iwwer GMail E-Maile verschéckt. Dat muss een, mam Hannergedanken, dass all dës Servicer vu PRISM erfaasst goufen, net gutt fannen, ma et ass nun ebe mol esou, dass net jiddereen sech mat den techneschen Detailer befaassen kann oder wëll.

Dëst ass d’Realitéit. Elo all Mënsch Facebook, Google a Co ze verbidden an ze proposéieren dach en eegene Mailserver mat Auto-PGP opzesetze wéist vun enger onrealistescher Nerd-Astellung. Net all Mënsch wëll oder kann sech mat engem eegene Server beschäftegen a meng Mam wäert sech sécher keen TOR Raspberry Pi bastelen.

An dësem Fall beobachte mer de Versuch politesch a sozial Problemer duerch Technik ze léisen. Natierlech kann all Mënsch gäre Verschlësselung asetzen, a sollt et souguer wann dofir d’Kapazitéiten do sinn, ma d’Léisung fir den wierkleche Problem ass et net. Mir brauchen en sozial Léisung! Mir mussen ons zivilgesellschaftlech géint déi enorm Muecht vun de Geheimdéngschter stellen. Mir mussen op d’Strooss goen a lautstaark fir d’Ofrüsten vun de Geheimdéngschter demonstréieren. Mir brauchen eng politesch Léisung! Mir mussen ons géint Regierunge wieren, déi ons net trauen, selwer awer a geheime Verhandlungen iwwer weider Iwwerwaachungsmethouden entscheeden. Déi aktuell EntscheederInnen hunn hier Responsabilitéiskompass spiggelverkéiert: Politik muss erëm de BiergerInnen Rechenschaft schëlleg sinn amplaz de Géigendeel.

Natierlech ass dat näischt einfaches, natierlech geet dat net vun Haut op Muer, ma grouss Verännerunge brauchen Zäit. An der Tëschenzäit dierfe mir ons awer net de Geheimdéngschten an den Iwwerwaacher upassen, ma mir mussen d’Welt an däer mir liewe onsen Idealen upassen!

Als Starthëllef sief den Chaos Computer Club recommandéiert – eng Platz wou een sech ka politesch (net parteipolitesch) géint Iwwerwaachung engagéieren (se hëllefe bestëmmt och gäre beim verschlëssele ;) ).

Dësen Artikel baséiert op engem Blogpost vum Philip Brechler  vum 3. Juli 2013, deem seng Meenung ech an dësem Punkt komplett deelen (Artikel verëffentlecht ënner CC BY-SA Lizenz)

Jerry Weyer

Jerry Weyer co-founded Clement & Weyer Digital Communication Consultants in 2014 and consults European institutions in Luxembourg on social media management. He studied European law at Université Robert Schuman in Strasbourg and at the London School of Economics and Political Science. He is a founding member of Pirate Party Luxembourg and former Co-Chairman of the Pirate Parties International (PPI).

1 Comment to Verschlësselung ass keng Léisung!

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *