Wahlrecht ab 16: keng Fro vu politescher Bildung

Luxembourg Politics
CC BY-NC-ND Chris JL

Nächst Joer dierfe Lëtzebuerger iwwer 18 Joer entscheeden, ob Lëtzebuerger ënner 18 Joer an Zukunft dierfe wiele goen. Am Debat zum “Wahlrecht ab 16” kënnt ee Begrëff ëmmer rëm zur Sprooch, obwuel en net an dës Debatt gehéiert: politesch Bildung.

Politesch Bildung ass méi wei “instruction civique”, wéi se an de Schoule geleiert gëtt: nieft dem theoretesche Wëssen ëm d’Aufgabe vun de verschiddene staatlechen Institutiounen, fält och en developpéiert Allgemengwëssen an de Suivi vun der politescher Aktualitéit ënnert dëse Begrëff. De “citoyen responsable” als politesche Mënsch.

“Fir d’éischt politesch Bildung, da Wahlrecht” heescht et an den Diskussiounen em d’Wahlrecht ab 16. Ir jonker dierfen hir Representanten op Gemengen-, Landes-, oder Europaniveau wielen, mussen se leieren, wat Politik ass. Dëst Argument fält allerdéngs seelen am Debat em d’Wahlrecht fir Net-Lëtzebuerger, obwuel et och hei em d’Erweiderung vum Wahlrecht geet. De gefillte Konsens: den Alter determinéiert, ob eng Persoun politesch gebild ass oder net.

Politesch Bildung als condition sine qua non fir den Accès zum Wahlrecht? Eng Illusioun! Zu kengem Moment gëtt déi politesch Kompetenz vun enger Persoun iwwer 18 Joer gepréift, ir dës an der Walkabinn hiert Kräiz dierf maachen . “De Jonken”, oder “deene meeschte Jonken”, d’Qualifikatioun ofzeschwätzen, fir sech, a fir hiert Ëmfeld Responsabilitéit ze iwwerhuelen, ass en Zeeche vun Iwwerhieflechkeet, där mir net méi verfalen dierfen.

Wien politesch Bildung als noutwenneg Viraussetzung fir den Accèss zum Wahlrecht fuerdert, dee féiert eng onéierlech Argumentatioun: gemengt ass net d’Bildung vun de jonke Leit, ma déi esoteresch Noperen “Räif” oder “Verantwortungsbewosstem”. Hëllefräich Worthülsen fir vun uewen erof op Jonker ze kucken: wie fuerdert scho politesch Bildung fir anerer, wann e net selwer dovunner iwwerzeegt ass, datt hien alles weess?

Ech hatt gären eng éierlech Diskussioun em d’Wahlrecht ab 16. Et geet em d’Recht iwwer seng Zukunft ze entscheeden, em d’Pflichten, déi aus dëser Responsabilitéit entstinn, em eng (politesch) Gesellschaft, déi ons all representéieren a respektéiere soll. Et geet net em politesche Bildung, déi exklusiv op de Schëller vun de jonke Leit läit.

Jerry Weyer

Jerry Weyer co-founded Clement & Weyer Digital Communication Consultants in 2014 and consults European institutions in Luxembourg on social media management. He studied European law at Université Robert Schuman in Strasbourg and at the London School of Economics and Political Science. He is a founding member of Pirate Party Luxembourg and former Co-Chairman of the Pirate Parties International (PPI).

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *