Entrepreneur

Als Entrepreneur entwéckelen ech Applikatioune fir nerveg Aufgabe méi einfach ze gestalten, sief et fir Privatpersounen oder kleng Entreprisen.

  • taxx.lu

    Eng Steiererklärung zu Lëtzebuerg maachen ass leider ëmmer nach en ze groussen Opwand, wann ee keen Expert ass. Dofir hu mir taxx.lu gegrënnt, wou dir kënnt als Privatpersoun är Steiererklärung iwwer eng einfache Questionnaire maachen. Mir scannen är Certificaten, fëllen d'Deklaratioun deelweis automatesch aus an hëllefe bei all Fro. Zum Schluss kritt dir gesitt wéi vill Steieren dir musst zréck bezuelen oder rëmkritt a wéi der eventuell kënnt Steiere spueren.

  • salary.lu

    Op salary.lu kënne kleng Entreprisen hier Fiches de Salaire selwer ausstellen an direkt un hier Employéeë schécken. Ons Payslip Engine couvréiert all méiglech Zenarien an erméiglecht et esou klengen Entreprisen eegestänneg ouni groussen administrativen oder finanziellen Opwand hier Employéen ze geréieren.

  • AccountTech

    Ënnert AccountTech regroupéiere mir déi verschidde Projets vun taxx.lu, iwwer salary.lu a weider Iddien un deene mir schaffen, wéi z.B. den Facturatiounssystem facture.lu oder SalaryPro, ons Payslip Engine vu salary.lu.

  • Clement & Weyer

    2013 zesumme mam Sven Clement gegrënnt schaffe mir bei Clement & Weyer un verschidde Projeten am Beräich digital Kommunikatioun, sief et Websäiten, social Media Couverture, Werbecampagnen oder Applikatiounen.

  • Drivelo

    Mat dësem Gestiounsprogramm dee mir zesumme mat Kirepo entwéckelt hunn kënnen Auto-écolen zu Lëtzebuerg hier Coursen, Clients an Facturatioun geréieren, souwuel an engem Web-Interface wéi och enger mobiller Applikatioun.