Säit der Ukënnegung vun de Neiwahlen begéint een ëmmer méi PolitikerInnen op Twitter, déi virdrun net all ze aktiv waren. Ma wéi vill vun den Deputéierten an der nei-gewielten Chamber sinn op Twitter ënnerwee?
Dësen Artikel ass net méi aktuell – déi aktuell Versioun ass All d’Lëtzebuerger Deputéiert op Twitter.
No iwwer véier Joer op deem Posten, sinn ech ab haut net méi Chamberpresident. Et war eng interessant a flott Zäit.
— Laurent Mosar (@LaurentMosar) November 13, 2013
Während an Däitschland 50,9 % an a Frankräich 55.81 % vun den Deputéiert op Twitter ënnerwee sinn, hunn just 14 vun den 46 vereedegten Deputéierten (30,4%)1 en Twitter Account. D’Halschent vun den Deputéierte vun Déi Gréng an LSAP stellen sech de BiergerInnen op Twitter, während vun ADR a Lénk jeweils just een Deputéierte präsent ass.
Twitter Lëschten mat allen Deputéierten sinn hei ze fannen:
Bei den Europadeputéiert gesäit et ähnlech aus. 2 vun 6 Deputéiert sinn aktiv op Twitter ënnerwee (33,3%).
Twitter ass eng flott Méiglechkeet direkt mat BiergerInnen a Kontakt ze trieden – hoffentlech benotzen an Zukunft nach méi VolleksvertriederInnen dëse Moyen!
Wann ech Deputéiert vergiess hunn w.e.g. sot mer Bescheed an den Kommentaren oder op contact@jerryweyer.lu. D’Tabell gëtt aktualiséiert soubal déi nei Regierung steet.
P.S. D’Chamber selwer ass och op Twitter: @ChambreLux
P.P.S. Accounts, déi bei Updates dobäi koumen: @CohineCahen, @FernandEtgen, @luxmarc De Prozentsaz am Artikel gouf deementspriechend ugepasst.

Pingback: All d’Lëtzebuerger Deputéiert op Twitter | jerryweyer