D’Regierung steet, mir kennen de Koalitiounsvertrag – elo dierf regéiert ginn. Eppes steet fest: méi no un de BiergerInnen ass déi nei Regierung, jiddefalls op Twitter.
Haut get alt nees en neit Kapitel an mengem Liewen un, freen mech op di nei Erausfuerderung
— Francois Bausch (@fbausch) December 4, 2013
46,6% vun de MinisterInne sinn op Twitter vertrueden (ëmmerhin!), a Frankräich sinn et der 86%, an Däitschland just 26%.
All d’MinisterInnen op enger Twitter Lëscht:
Interessant ass, datt ech net ee Ministère op Twitter font hunn1. Dëst ass eigentlech schonn etabléiert an onsen Nopeschlänner, an Twitter huet souguer speziell Funktioune fir Ministèren, z.B. ‘Altert Messages‘ fir Noutfäll (nach net disponibel fir Lëtzebuerg). Gi mer der neier Regierung awer mol Zäit sech eng social Media Strategie ze iwwerleeën ;)
Wien Lëtzebuerger PolitikerInnen zu Lëtzebuerg well op ee Bléck verfolgen, och ouni Twitter Account, kann dat op politwall.jerryweyer.lu!


Pingback: All d’Lëtzebuerger Deputéiert op Twitter | jerryweyer