Den 30. August huet d’Piratepartei an enger Pressematdeelung gefuerdert, dass et am Dossier “Stadion & Akafszentrum” e Referendum vun den Awunner vun der Réiser Gemeng gëtt. Dorobshi gouf et kritesch Stëmmen, déi d’Fuerderung vun engem Referendum polemesch oder onrealistesch fannen. Dës Bedenke sinn duerchaus ze verstoen, wéi Beispiller aus der (wäiter a rezenter) Vergaangenheet weisen, trotzdem sinn Referendumen a Volléksentscheeder e wichtege Bestanddeel vun enger moderner Demokratie a bréngen déi néideg Balance an d’representativ Demokratie.
Definitiounen: Referendum a Volléksentscheed – wat ass den Ënnerscheed?
Referendum: e Referendum ass eng Ofstëmmung vun de wahlberechtegte Bierger iwwer eng vun der staatlecher Gewalt (z.B. Staat, Gemeng) gestallte Fro. Wichteg ass, dass d’Initiative Ofzestëmmen vun “uewen” kënnt, entweder op eegene Wonsch (fakultativ) oder per Gesetz (obligatoresch1).
Volléksentscheed: bei engem Volléksentscheed gëtt iwwer eng Fro ofgestëmmt, déi direkt vun de Bierger gestallt gëtt. E Volléksentscheed ënnerläit verschidde Conditiounen (z.B. Sammele vun enger gewëssen Unzuel vun Ënnerschrëften)2. Besonnesch an Däitschland ginn et eng grouss Variatioun vu Volléksentscheeden.
Referendum zu Lëtzebuerg
Bis Haut goufen et 4 Referendumen zu Lëtzebuerg:
2x 28 September 1919 – Staatsform an economesch Kooperatioun D’Lëtzebuerger duerften den 28. September 1919 ofstëmmen ob se eng Monarchie oder Republik wëllen an op d’Land soll mat Frankräich oder der Belge eng enk economesch Kooperatioun agoen. 80% stëmme fir d’Monarchie ënnert der Grande-Duchesse Charlotte an 73% fir eng Kooperatioun mat Frankräich.
6 Juni 1937 – Verbuet vun der kommunistescher Partei D’Kommuniste goufen zu Lëtzebuerg ëmmer méi beléift, wat den Konservative net gefalen huet. E Gesetz, d’Kommunistesch Partei ze verbidde krut sou e groussen Echo an der Bevëlkerung, dass de Staatsminister et per Referendum ofstëmme gelooss huet. D’Fro war: “Etes-vous d’accord qu’entre en vigueur la loi qui ordonne la dissolution du Parti communiste ainsi que des organisations qui veulent changer la constitution ou les lois du pays par la violence ou des menaces ?” 50,67% vun de Lëtzebuerger waren dogéint.
10 Juli 2005 – EU “Verfassung” De berühmten EU “Verfassungs”-Referendum. 56,62% vun de Lëtzebuerger waren dofir.
Interessant sinn bei dëse Referendumen d’Froestëllungen. Bei der Ofstëmmung fir oder géint d’Monarchie gouf et 4 Äntwerten op d’Fro, dovun 3 mam Resultat, dass d’Monarchie bäibehale gëtt. Beim Referendum de 6 Juni 1937 suggeréiert d’Fro, dass de Verbuet vun enger krimineller Vereenegung, net vun enger politescher Partei zu Debatt steet. Souguer beim EU-Verfassung-Referendum fällt op, dass de vun der Regierung gewënschten “Oui” fir d’Majoritéit vun der Bevëlkerung als Rietshänner op der richteger Platz stoung. Dës Taktik d’Referendumen ze beaflossen zitt sech duerch d’Geschicht vun de Referendumen an ass ee Grond wisou dës Method vun der direkter Demokratie keen Allheelmëttel ass.
D’Risike vun ze vill direkter Demokratie a wéi een se ka minimiséieren
Referendume ginn (par définition3) vun de regéierende Kräften organiséiert. Dofir ass et keng Iwwerraschung wann dëse Moyen oft derzou benotzt gëtt seng eege Positioun ze stäerken oder ze legitiméieren. Den Napoléon Bonaparte (I) an Louis-Napoléon Bonaparte (III) hunn méi wéi eng Kéier de Referendum benotzt fir sech d’Allengherrschaft iwwer Frankräich ze erméiglechen. Och Haut benotzen autoritär Herrscher dës Method nach fir hier Muecht ze legitiméieren, sief et per Referendum oder als Referendum héich stiliséiert Wahlen4. Nieft dëse Gefore ginn et awer méi subtil Risike bei Referendumen, déi och an enger staarker Demokratie kënnen optrieden.
Populismus agrenzen
Populismus ass laut Wikipedia eng volleksno Politik, déi Onzefriddenheet, Ängscht an aktuell Konflikter fir hier Zwecker instrumentaliséiert andeem se Gefiller uschwätzt an einfach (fir net ze soe primitiv) Léisunge versprécht.
Sou geschitt 2009 wei d’Schwäizer de Saz «Der Bau von Minaretten ist verboten.» mat grousser Majoritéit per Volléksentscheed an d’Verfassung opgeholl hunn. De Risk, dass radikal Gruppéierungen hier populistesch Fuerderungen zur Ofstëmmung stëlle besteet virun allem bei Volléksentscheeder, bei deenen d’Conditiounen extrem niddreg sinn.5 Eng Méiglechkeet de Populismus ze vermeiden ass also d’Hürde fir Volléksentscheeder ze erhéijen.6
Stëllstand vermeiden
Muss all Entscheedung per Referendum geholl ginn ass e Staat handlungsonfäeg. Referendume fir all kleng Entscheedung kënnen de politesche Prozess blockéieren an zum Stëllstand féieren.
Dëse Risque léist sech awer relativ einfach vermeiden andeems Referendumen oder Volléksentscheeder nëmmen fir verschidden Dossiere méiglech sinn. Als Conditioun kënnen z.B. e gewësse Prozentsaz vum Gesamtbudget oder en Themegebitt fungéieren. Sou ka garantéiert ginn, dass net fir all Baugeneemegung muss ofgestëmmt ginn, ma bei de wichtegen Dossieren, déi d’Liewe vun all Awunner betreffen d’Entscheedunge per Referendum geholl ginn.
Ëffentlechen Debat diversifizéieren
Referendumen a Volléksentscheeder bréngen een Thema an d’Ëffentlechkeet. Déi Parteien, déi d’ëffentlech Meenung dominéieren hunn en Virdeel d’Ofstëmmung no hirem Sënn ze beaflossen. Sief et zwar absolut legitime fir all Partei hier Moyenen d’ëffentlech Meenung ze beaflossen ze notzen, sou stëllt dat awer en Desequiliber an der Diskussioun duer, deen ganz schwéier ze iwwerbrécken ass. Besonnesch bei komplizéierte Froen ass et dem Leien net ëmmer méiglech eng fundéiert Meenung ze bilden.
E gutt Beispill ass de Referendum iwwer de Lissabon Vertrag. Eng differenzéiert Ausernanersetzung mam Thema war an der vun der Regierung opgeheizter Atmosphär kaum méiglech. De Referendum ass schliisslech als Entscheet iwwer d’EU u sech a souguer als Vertrauensvotum fir de Premierminister ausgeruff ginn.
Direkt Demokratie fonctionnéiert nëmme wann d’ëffentlech Meenung net eesäiteg beaflosst gëtt. Et brauch eng staark Press, awer och en politik-interesséiert Vollek fir dësen Zoustand ze areechen. Béides kann een net iwwer Lëtzebuerg behaapten. Dat heescht awer net, dass een et net probéiere kann!
Referendumen a Volléksentscheeder als Stäerkung vun der Demokratie
Referendumen a Volléksentscheeder hu Risiken, ma déi kann een limitéieren. Am Géigesaz zu de Risike ginn et awer Virdeeler, déi méi Demokratie net nëmme wichteg, ma onëmgänglech maachen.
Politik diskutéieren
Virun de Wahle gëtt méi iwwer Politik diskutéiert, dat gëllt och fir Referendumen. Nie gouf méi iwwer d’EU diskutéiert wéi virun dem Referendum zum Lissabon Vertrag7. Besonnesch a Lëtzebuerg, wou net oft gewielt gëtt an déi Haapt-Presseorganer wéineg bis keng kritesch Artikele produzéieren ass et wichteg, dass de politeschen Dialog vun der Bierger gefouert gëtt. “Fir dass d’Leit driwwer schwätzen” ass kee Grond e Referendum ze veranstalten, ma e positiven Nieweneffekt!
Demokratie léieren
Demokratie muss een léieren. De Fait, dass 50% +1 iwwer 50% -1 entscheeden ass fir d'”Verléierer” net ëmmer einfach ze verstoen. Net fir näischt fuerdert d’Piratepartei méi Partizipatioun an de Schoulen an Universitéiten – nëmme via learning-by-doing versteet een de Fonctionnement vun Demokratie.
Referendumen a Volléksentscheeder droen zu dësem Lerneffekt bäi. Ginn mer méi oft wéi all 6 Joer (Gemengewahlen) oder 5 Joer (Nationalwahlen) wielen, da verënnerleche mer de System méi schnell, léiere säi Fonctionnement, seng Virdeeler an Nodeeler.
Demokratie liewen
Wichtegst Argument fir méi Referendumen, op all Niveau, ass awer, dass et an enger Demokratie noutwenneg ass d’Bierger mat an de politesche Prozess anzebannen. Dëst muss, wéi gesinn, a Moosse geschéien an u Conditioune geknëppt sinn, ma dierf net onméiglech gemat ginn.
Duerch direkt Matbestëmmung, an dat vun Ufank un, loossen sech Problemer dono vermeiden; souwuel wat d’Legitimitéit vun den Entscheedungen ugeet, wéi och wat d’Akzeptanz ugeet. Referendumen a Volléksentscheeder emanzipéieren d’Bierger vun de gewielte Politiker a bréngen d’Muechtverdeelung rëm an e Gläichgewiicht. Si erlaben eng regelméisseg Kontroll an Evaluatioun vun der Politik a kënnen de Politiker weisen wéi d’Meenung am Land ass, ouni 5 Joer laang op Wahle waarden ze mussen. Si ginn de Bierger méi Kontroll a politesch Matentscheedung a wierken der Politikverdrossenheet entgéint (“ech kann dach souwisou näischt änneren”). Referendumen a Volléksentscheed sinn net nëmmen Tools vun der direkter Demokratie, ma och Ufank vun “liquid democracy“; Chamber a Regierung sinn fir lafend Geschäfter zoustänneg während déi grouss a wichteg Entscheedunge vun dem Souverän geholl ginn.
De Souverän, dat ass de Bierger8, wéi en z.B. momentan um Beispill Island gesäit. Während déi al Garde u Politiker mat Ënnerstëtzung vun der Wirtschaft d’Land an de Bankrott gezunn hunn sinn et d’Awunner selwer déi Island zu enger vun de modernsten Demokratien op der Welt maachen. Zum Entsetze vun den alle Politiker, déi de “Crash” iwwerlieft hunn hunn et d’Islänner fäerdeg bruecht eng nei Verfassung ze “crowd-sourcen” a per gewieltem Biergerrot nidder ze schreiwen[Méi dozou am Verfassungsblog.].
Zu Lëtzebuerg ass dëst ondenkbar. Obwuel 1999 vum Jean-Claude Junker anescht ugekënnegt ginn Verfassungsännerungen a Lëtzebuerg nach ëmmer an Hau-Ruck Aktiounen duerch d’Chamber gepeitscht. Aus den eegene Feeler léiert een net; och déi nächst substantiell Revisioun vun der Verfassung wäert aller Viraussiicht vun der Chamber, a net vum Souverän ofgestëmmt ginn9. Wann a Lëtzebuerg d’Regierung an d’Majoritéit vun den Deputéiert de Bierger et net zoutraut iwwer sou fundamental Froen wéi d’Staatsform oder d’Kompetenze vum Staatsoberhaupt ze decidéieren, dann ass et un der Zäit dës Leit vun hirem héiche Sockel ze stoussen. Dofir musse jiddereen un engem Strang zéien – kritesch Journalisten, Politiker, déi wësse wou hier Platz ass, a Bierger, déi sech net verarsche10 loossen.
