Pirat

Als Grënnungsmember, fréiere Vize-Präsident an aktuelle Koordinator vum Bezierk Zentrum schaffen ech drun, fir Lëtzebuerg méi modern, fair an transparent ze gestalten.

Meng politesch Prioritéiten sinn d'Chancë vum digitale Wandel ze notzen, méi Transparenz & Participatioun, eng gerecht Steierpolitik an abordable Logement.

Am Oktober 2009 hunn ech Piratepartei gegrënnt, well ech wollt um politeschen Dialog zu Lëtzebuerg Deel huelen, mech awer a kenger Partei rëmfonnt hunn. D'Organisatioun an aner Parteie war mer ze strikt, den digitale Wandel gouf net opgegraff, eng oppen an transparent Demokratie war keng Prioritéit. Dofir hunn ech mech entscheet mat de Piraten eng eege Beweegung ze grënnen, déi dës Themen opgräift.

Ech war éischte Vizepresident vun der Partei an 2010-2011 och Co-Virsëtzende vum Daachverband vun den internationale Piraten, den Pirate Parties International. 2013 an 2018 sinn ech mat an d'Chamberwale gaangen, wou ech als Zweetgewielten am Zentrum hannert dem Sven Clement eng Plaz an der Chamber knapp verpasst hunn. Ech well am Oktober 2023 rëm fir d'Piraten am Zentrum kandidéieren an ons Iddien an der Chamber vertrieden.

Meng politesch Prioritéiten