Abordabele Logement

jerry weyer avatar

Jerry Weyer

D'Logementskris gouf jorelaang verschlof, well eng Regierung no där aner gemengt huet et géif d'WielerInne net betreffen - an elo ass se mat den aktuelle Krisen nach méi akut ginn. Mir brauchen elo eng fair Logementspolitik, wou d’Locatairen, Primo-Acquéreuren a kleng Proprietären an de Mëttelpunkt gestallt ginn.

Lounen méi erschwénglech maachen

Mir hunn ee Mangel u Wunnengen. Ëffentlech Wunnenge sinn ee seelent Gutt an dofir musse bei der Vergab vun ëffentleche Wunnenge Prioritéiten opgestallt ginn.

Lounen méi erschwénglech maachen Grafik Jerry Weyer

› D'Pirate begréissen d’Aféiere vun engem nationale Register fir ëffentlech Wunnengen (RENLA) a wäerten een transparente Punktesystem opstellen, bei deem d’Leit jee no hirer Liewenssituatioun eng Prioritéit fir eng ëffentlech Wunneng wäerte kréien.

Aktuell gëtt de Staat Milliounen Euro d’Joer fir Logementsbäihëllefen aus. Ekonomesch gekuckt mécht déi Hëllef eleng gesinn net vill Sënn, well niddereg Salairen sech géigesäiteg Konkurrenz maachen, wärend d’Proprietäre keen Usporn hunn, fir mam Präis erofzegoen.

Mir Pirate fannen:

  • Dass een de System vun de Loyershëllefen ausbaue soll a Proprietären, déi hir Wunneng zu engem soziale Präis verlounen, beloune soll. D’Proprietären, déi ënnert dem Duerchschnëttsloyer an enger Uertschaft verlounen, sollen dës Differenz vun hire Steieren ofsetze kënnen;
  • dass ee Mietpräisspiegel soll opgestallt ginn, fir d’Duerchschnëttspräisser an enger Uertschaft z’ermëttelen (op- gedeelt no Kategorie vun enger Wunneng).
  • Dass ee säi Loyer vu senge Steiere kann ofsetzen.

Wunnen zu Lëtzebuerg - Kaafen ënnerstëtzen

Een Eegenheem ass eng Sécherheet fir d’Zukunft. Mir Piraten wëllen dass d’Leit hei am Land d’Méiglechkeet kréien, fir hir eege Wunneng ze kafen, ob um Privatmarché oder bei der ëffentlecher Hand.

Wunnen zu Lëtzebuerg - Kaafen ënnerstëtzen Grafik Jerry Weyer

Mir proposéieren eng Rëtsch Mesuren fir dat ze ënnerstëtzen:

› Wunnenge mat Mietkauf ubidden. Beim Mietkauf ass eis d’Iddi, dass beim Ënnerschreiwe vun engem Mietkontrakt de Wäert vun der Immobilie am Kontrakt festgehale gëtt. All Loyer, deen ee Locataire vun enger Wunneng als Loyer bezilt, kritt en zum Deel gutt geschriwwen. Deen Dag, wou de Locataire d’Wunneng ofkafe wëll, kann hien dës Gutschrëft vum Akafspräis ofzéien.

› D'Staatsgarantie fir Immobiliëprêten erhéijen Verschiddene Leit feelt et um Eegekapital, wat awer schwéier zesummenzespueren ass, wann ee selwer och nach ee Loyer muss bezuelen. De Staat spréngt dofir haut schonn als Garant fir Immobiliëprête mat an, dëst awer just bis zu engem Montant vun 200.000€. D’Piraten wëllen de Maximum vun der Staatsgarantie fir Immobiliëprête fir déi éischt Wunneng erhéijen.

Notaireskäschte bei der Éischtwunneng ganz ofschafen ("Bëllegen Akt") All Kéier, wann een eng Wunneng keeft, muss ee beim Notaire eng Taxe bezuelen(„Droits d’enregistrements“). Mir wëllen, datt d’Droits d’enregistrement beim Kaf vun der éischter Wunneng, déi als Haaptwunnsëtz benotzt gëtt, ganz ewechfalen, wann de Keefer op mannst zwee Joer selwer dra wunne bleift. D’Zil vum vum bëllegen Akt muss et sinn, dass Leit méi einfach zu hirer éischter Wunneng kommen.

Weider Informatioune fannt dir op https://piraten.lu.

jerry weyer avatar
Jerry Weyer
Kandidat fir d'Chamberwalen fir d'Piraten (Zentrum)
Ech si Kandidat am Zentrum fir d'Pirate fir d'Chamberwalen 2023. Ech hunn 37 Joer a schaffen als digitalen Entrepreneur mat menger Ekipp an onsem Startup un Léisunge fir administrativ Prozesser méi einfach ze maachen. Op dësem Site fannt dir meng politesch Prioritéiten - an zéckt net bei Froen oder Kommentare mir op engem vu menge Profiller op de sozialen Netzwierker ze schreiwen!