Biergerbedeelegung geet net ouni Erweiderung vum Walrecht

jerry weyer avatar

Jerry Weyer

De Mëtten 21 Mäerz 2023 debattéiert d'Chamber iwwer Biergerbedeelegung. Déi Chamber, déi net emol vun der Majoritéit vun der Bevëlkerung ka gewielt ginn.

Biergerreit, Biergerinitiativen, participativ Budgets sinn alles gutt Projeten, fir grad op lokalem Niveau, mee soulaang d'Parlament, an domadder och d'Regierung, net vun engem Majoritéit vun der Bevëlkerung legitiméiert ass, doen ech mir schwéier zu Lëtzebuerg vu Biergerbedeelegung ze schwätzen

Biergerbedeelegung geet net ouni Erweiderung vum Walrecht Grafik Jerry Weyer

Bei de läschte Chamberwalen 2018 goufen 232.886 Bulletins de vote ofginn, dat bei enger Bevëlkerung (um 1/1/2019) vu 613.894 AwunnerInnen. Knapps 38% vun der Bevëlkerung dierfe matbestëmme wien Entscheedunge fir 100% vun den AwunnerInnen trefft!

Dat ass fir mech net akzeptabel, dofir bléiwen ech bei enger vun de Fuerderungen, déi mir Piraten Lëtzebuerg säit onser Grënnung hunn:

  • Fir e 🗳 Walrecht fir Jonker ënner 18 Joer
  • Fir e 🗳 Walrecht fir Net-Lëtzebuerger bei de Chamberwalen

Ech hoffen am Debat zur Biergerbedeelegung vergiessen d'Deputéiert net wien se gewielt huet - a wien net. Ech si sécher, datt flott Projets fir méi Participatioun diskutéiert wäerte ginn, an déi sinn och ze ënnerstëtzen, mee ouni eng Erweiderung vun de Walberechtegte wäerte mer weider en Demokratiedefizit zu Lëtzebuerg hunn, deen och mat méi Biergerreit- an Initiativen net ze léisen ass.

Wat hälls Du dovunner? Schreiw mir gären Däi Kommentar op Facebook.
jerry weyer avatar
Jerry Weyer
Kandidat fir d'Chamberwalen fir d'Piraten (Zentrum)
Ech si Kandidat am Zentrum fir d'Pirate fir d'Chamberwalen 2023. Ech hunn 37 Joer a schaffen als digitalen Entrepreneur mat menger Ekipp an onsem Startup un Léisunge fir administrativ Prozesser méi einfach ze maachen. Op dësem Site fannt dir meng politesch Prioritéiten - an zéckt net bei Froen oder Kommentare mir op engem vu menge Profiller op de sozialen Netzwierker ze schreiwen!