Digital Chancë notzen

Jerry Weyer
Den digitale Wandel biergt vill Chancë, mee och Risiken. Artifiziell Intelligenz, Blockchain, Machine Learning - et gëllt d'Chancë vum Digitalen ze notzen ouni blann all neiem Trend hannendrun ze lafen. Ech sëtze mech a fir datt de Staat den digitale Wandel esou encadréiert, datt mir vun de Beneficer kënne profitéieren an ouni datt d'Risiken ignoréiert oder simplifiéiert ginn.
Kënschtlech Intelligenz encadréieren
Kënschtlech Intelligenz huet de Potenzial fir vill Prozesser a verschiddenen Industrië wesentlech ze verbesseren, z.B. am Gesondheetssecteur, der Finanzplaz oder am IT-Beräich. Wärend AI d'Potenzial huet fir Prozesser an Entscheedungsprozess ze verbesseren, ginn et och Risike verbonne mat der Technologie, besonnesch wann et ëm Diskriminéierung geet.

› Mir Piraten ënnerstëtzen eng Regulatioun op EU-Niveau, déi d’Fuerschung an d’Entwécklung vu KI-Softwaren an Europa fërdert a gläichzäiteg e staarke Schutz vun den individuelle Grondrechter virgesäit.
Anescht wéi den Numm vermudde loosse kéint, sinn dës Maschinnen zwar net wierklech „intelligent“, well se kee Bewosstsinn besetzen, mee si kënnen ausgoend vun engem Code eegestänneg „léieren“, also eege Weeër fannen, fir e Problem ze léisen. AI Algorithme kënnen existent Virurteeler verstäerken, wat zu diskriminéierende Resultater féiert. De Schutz virun Diskriminéierung an d’Recht op Privatsphär sinn deemno vun zentraler Bedeitung wann et ëm eng adequat Gesetzgebung fir d’Encadrement vun der KI geet.
Mir fuerderen dofir:
- E Verbuet vum Benotze vun automatiséierte Systemer an der Kriminalitéitsbekämpfung;
- Kloer Reegelen am Beräich vum Dateschutz, un déi sech Softwareentwéckler hale mussen an och entspriechend Kontrollen. Persounen, deenen hier Date vun automatiséierte Systemer ausgewäert ginn, mussen doriwwer informéiert sinn an hiert Averständnis ginn hunn;
- Eng Verflichtung fir kommerziell Ubidder ab enger gewësser Gréisst, fir hier Sourcen oppen ze leeën, fir novollzéien ze kënnen, wéi hier Software schafft.
Méi kloer Reegelen fir digital Medien
Ech begréissen explizitt all Form vun Entrepreneurship am digitale Beräich. Mee am Sënn vun der Transparenz an dem Konsumenteschutz fuerdere mir och kloer Reegele wat d’Kennzeechnung vu Publicitéit a bezueltem Content ugeet a wëllen deementspriechend dës Reegelen an engem neie Mediegesetz verankeren.

Op Radio, Telé, Websäiten, Podcasts oder Social Media, mir brauchen eenheetlech a kloer Reegele fir all Plattformen an Aarte vu Publikatiounen an dat onofhängeg vum Medium, mat deenen dësen Inhalt verbreet gëtt. Grad wann et em Reklammen, Produktplacéierungen a gesponsert Contenue geet, brauche mir eng Gesetzgebung, déi och Influencer:inne matdenkt.
› Dofir fuedere mir eng Reglementatioun fir gesponserte Content a Produktplacéierungen op Social Media.
Dat aktuellt Mediegesetz baséiert op den Iddie vun enger Welt ouni Internet a gëtt dem digitale Wandel vun de leschte Joerzéngten net gerecht. Dofir brauche mir en neit Mediegesetz, dat vun Ufank un niewent der Telé an dem Radio och déi digital Medien als Verbreedungsplattforme mat deckt.
› Mir wëllen dofir e Mediegesetz, dat och Social Media a Podcasts mat oofdeckt.
Gaming - Konscht & Wirtschaftssecteur
Videospiller sinn Deel vun onser Kultur - a repräsentéieren e Wirtschaftsberäich mat groussem Potential.
D’Entwécklung vu Videospiller zu Lëtzebuerg soll méi effikasse finanziell gefërdert an d’Land als Entwécklungsstanduert promouvéiert ginn. Mat engem Gaming-Fonds, deen änlech funktionéiere kéint wéi aktuell de Film-Fonds, kéinte kreativ national Videospill-Projeten ënnerstëtzt ginn.

D’Gaming-Branche ass eng wuessend Industrie a Lëtzebuerg sollt et net verpassen dëse Wirtschaftszweig auszebauen. Jonker, déi aktuell hei Formatioune aus dem Gaming-Beräich suivéieren wieren dann net méi gezwongen an d’Ausland ze goen, fir ze schaffen, mee kéinten deen Know-How, dee si hei am Land gewonnen hunn, och hei asetzen.
Mir Piraten fuerderen dofir:
- E Gaming-Fonds fir d’Ënnerstëtzung vu lëtzebuergesche Produktiounen;
- D'Promotioun vu Lëtzebuerg als d’Gaming-Standort, iwwert reng Steierpolitik eraus.
Duerch dës Erweiderung vun der finanzieller Ënnerstëtzung fir d’Lëtzebuerger Kreativindustrie géif d’Land seng Wirtschaft weider diversifizéieren an nei Aarbechtsplaze schafen.
Weider Informatioune fannt dir op https://piraten.lu.