Eng nei Propose fir d'Loyersreform

Jerry Weyer
Aktuell dierf e Loyer (pro Joer) net méi héich sinn wéi 5% vun den Investissementer an d'Haus oder Appartement wat verlount gëtt. Dësen Taux soll op 3-3,5% reduzéiert ginn, jee no Energieklass vum Bien. U sech kee falsche Gedanken, mee: d'Formule fir den Investissement iwwer d'Zäit ze rechne gouf massiv ugepasst a grad al Haiser oder Appartement ginn esou enorm “opgewäert” an de maximale Loyer an d'Luucht!
Am Bild gesitt der d'Rechebeispiller déi vum Ministère selwer an hirer Note bäigefüügt goufen. An all deene Beispiller géif de Loyersplaffong mat der Reform an d'Lucht goen!

Bei méi neien Haiser oder Appartementer déi verlount ginn, geet de Plaffong vum Loyer erof, d.h. e Proprietär dierf e manner héiche Loyer froe wéi aktuell. Bei engem Appartement wat z.B. 2020 gebaut gouf kann dat e puer 100 € / Mount ausmaachen.
Dat heescht mat dëser Reform gëtt den neien Invest an d'Locatioun erschwéiert (well manner Loyer ka gefrot ginn, bei aktuell steigenden Tauxen op de Banken), ma den existéierenden Invest enorm valoriséiert - wat de groussen Investisseuren a Proprietären an d'Kaart spillt!
"Allgemeng ass duerch déi nei Koeffizienter fir d'Reevaluatioun vun ale Wunnengen an Haiser keng Baisse vun de Loyeren ze erwaarden. Et ass éischter de Géigendeel de Fall"
Den RTL Faktencheck bréngt et op de Punkt. Dem grénge Wunnengsbauminister Minister Henri Kox seng Propose ass konträr zu den Interesse vun de Locatairen, an den Leit, déi nei wëllen an de Wunnengsmarché investéieren. Schlëmmer nach:
"Duerch d'Beispiller mierkt een, dass mam neie Gesetz bei de gewéinleche Logementer virun allem d'Exzesser no ënne géinge verhënnert ginn."
D.h. mat der neier Propose gëtt virun allem verhënnert, datt d'Plaffongen ze niddreg sinn - fir mech onverständlech an onverantwortlech!
D'Reform huet awer och gutt Usätz. Méi Transparenz bei der Fixéierung vum Loyer doduerch datt Critère mussen an de Kontrakt geschriwwe ginn, Frais d'Agence an d'Dauer vun der Garantie locative ginn encadréiert.
Mee: Vertrieder vu Locatairen a Proprietären kritiséieren d'Reform vum Wunnengsbauminister Henri Kox an trotzdeem keng Reaktioun. Wisou déi Stuerheet? D'Reform vum Bail à usage d'habitation wéi se elo proposéiert gëtt ass weder fir Locatairë, nach fir Léit, déi wëllen fir d'éischt an d'Locatioun investéieren vu Virdeel a muss verworf ginn. Eng nei Propose muss op den Dësch!
- Vertrieder vu Proprietären zerrappt Reform vum Loyersgesetz
- D'Bail à Loyer-Gesetz wier eng Mogelpackung, esou de Reproche
D'Loyersgesetz vum Henri Kox gëtt och vun aanerer Regierungsparteie kritiséiert - an awer haalen déi gréng partout drun fest 😫
Mat senger Propose riskéiert den Wunnéngsbauminister méi héich Loyersplaffonge bei aalen, net-renovéierten Wunnéngen, während nei Investissementer an d'Locatioun découragéiert ginn. Dës Propose gëtt vun alle Säite kritiséiert: Chambre des Salariées, Mieterschutz, Vertrieder vu Proprietären, Oppositioun, an elo suguer an vun den aaner Regiuerungsparteien!
- LSAP fillt sech vum Henri Kox bedrunn
- Vertrieder vu Proprietären zerrappt Reform vum Loyersgesetz
- D'Bail à Loyer-Gesetz wier eng Mogelpackung, esou de Reproche

Als Piraten proposéiere mir eng fair Logementspolitik, wou d'Locatairen, Primo-Acquéreuren a kleng Proprietären an de Mëttelpunkt gestallt ginn an net Reforme proposéiert ginn, déi als zentraalt Motiv hunn, fir dem Investor säi “capital investi” ze rentabiliséieren. De maximale Loyer muss – anescht, wéi d'Regierung et virgesäit – onofhängeg vum Marchéspräis vun den Immobilië gerechent ginn, fir eng weider Präisspiral no uewen ze verhënneren !
- De maximale Loyer muss onofhängeg vum Marchéspräis vun den Immobilië gerechent ginn, fir eng weider Präisspiral no uewen ze verhënneren!
- Critèrë vun der Regionalitéit, der Evolutioun vun de Salairen an de Liewenskäschte musse berécksiichtegt ginn.
- Generell brauche mir en Perspektivewiessel an der Logementspolitik: d'Locatairen, d'Allgemengheet a kleng Proprietären sollen an de Mëttelpunkt gestallt ginn.
D'Positioun vun de Piraten am Resumé: Dat neit Mietgesetz riskéiert d'Wunnen zu Lëtzebuerg nach méi deier ze maachen!. De Verlaf vum Projet de loi 7642 kënnt der op chd.lu ukucken.