Eng oppen & digital Ekonomie

Jerry Weyer
Eng diversifizéiert an nohalteg Ekonomie ass eng Prioritéit fir Lëtzebuerg. Mir mussen den Innovatiounsgeescht ënnerstëtzen an Lëtzebuerg weider zu engem Hub fir Start- a Scaleups maachen. D'Digitaliséierung an e Fokus op Climattech droen dozou bäi onse Wuesstem méi sozial gerecht an nohalteg ze gestalten.
Innovatiounsgeescht & Selbststännegkeet ënnerstëtzten
Firmegrënnunge mussen digitaliséiert a vereinfachginn an den Datenaustausch tëscht klengen Entreprisen an den Administratiounen muss op e minimum reduzéiert, automatiséiert an digitaliséiert ginn.

Jonk a kleng Entreprisen a Persounen, déi sech trauen als Indépendants ze schaffen sinn e ganz wichtege Faktor fir d’Wirtschaft an hier Entwécklung. All gegrënnte Firma, déi hir Startphas iwwerlieft ass längerfristeg eng staark Beräicherung fir d’lëtzebuerger Wirtschaft.
D'Grënnung fängt bei der Autorisation d’établissement un, déi endlech muss un d’digitaalt Zäitalter ugepasst ginn. Generell feelt et un einfachen, schnellen a digitaliséierten Prozeduren fir Indépandants a klénge Firmen d'Schaffe méi einfach ze machen.
Mir Piraten fuederen dofir:
- Ee Guichet unique fir d’Autorisation d’établissement an eng Vereinfachung vun der Prozedur,
- ee besseren an digitalen Austausch tëscht CCSS an der Stéierverwaltung an der Douane,
- Den Austausch vun Daten tëscht der CNS, CCSS, Douane an der Steierverwaltung muss digital an automatesch gemaach kënne ginn.
Administratioune fuerderen haut nach vill ze oft Donnéeë vun de Betriber, déi si eigentlech schonns hunn. All dëst kascht Zäit an Aarbecht. Mir Piraten wëlle Bürokratie esou kleng wéi méiglech halen an dofir fuerdere mir, dass bei all Demande déi ee beim Staat stellt, keng Donnéeë méi gefrot ginn, déi de Ministère oder déi Administratioun schonn huet.
› Generell brauche mir eng transversal Digitalisatioun wou net all Ministère an Administratioun sech eleng entwéckelt mee wou eng national Strategie dohannert stécht.
Lëtzebuerg als Start-up nation
Vill jonk Start-ups brauche virun allem no hirer Grënnung méi Kapital, fir z’iwwerliewen. Si hunn et awer gläichzäiteg schwéier, fir hei am Land dat néidegt Kapital selwer nozeschëdden oder geléint ze kréien a bleiwe soumadder oft an hirer Entwécklung hänken oder ginn an d’Ausland.
› Dofir sätze mir ons an, datt jonk Betriber déi éischt zwee Joer vun der Minimalbesteierung ausgeholl ginn.

All Euro, dee vun de Privatleit an d’Wirtschaft investéiert gëtt, hëlleft, fir d’Wirtschaft um dréinen ze halen a schaaft Méiglechkeete fir Erneierung an och Aarbechtsplazen. Fir d’Leit ze motivéieren, hir Suen z’investéieren, wëlle mir kleng Actionnairen een Ureiz ginn, fir selwer op de Finanz- mäert aktiv ze ginn.
D’Piraten setzen sech an
- fir een Abattement vun 5.000€ bis 10.000€ op Investitiounsbénéficer an, ënnert der Konditioun, dass d’Wäertpabeieren op mannst sechs Méint laang gehale ginn.
- datt en Entreprise Investment Scheme agefouert gëtt, fir esou kënnen méi einfach jonk Entreprisen bei der Finanzéierung ze ënnerstëtzen.
Firmegrënnunge sinn e ganz wichtege Faktor fir d’Wirtschaft an hier Entwécklung. Se hëllefen Innovatiounen ze fërderen a Chômage ze bekämpfen. All gegrënnte Firma, déi hir Startphas iwwerlieft ass längerfristeg eng staark Beräicherung fir d’Wirtschaft an eng grouss Kontributioun un eist soziaalt Zesummeliewen. Dofir muss d’Politik Moyen schafen, dass esou vill wéi méiglech Firmen dës Phas iwwerstinn an sech permanent zu Lëtzebuerg etabléieren.
Lëtzebuerg als nohaltege Wirtschaftsstanduert
Mir kënnen a sollen net all Wirtschaftsaktivitéit zu Lëtzebuerg encouragéieren, grad wann dofir massiv Ressource verbraucht ginn, wéi Buedem, Waasser oder Energie. Mir stinn fir Betriber, déi an eist Land passen.

› Mir brauchen e kloren an ambitiéise Krittärekatalog deen d’Grenzwäerter fir de Verbrauch vu Waasser, Stroum a fossille Brennstoffer festleet.
› Projeten a Wirtschafts- oder Industriezonen, déi vill Fläche brauchen, sollen a gemeinsamen Approchen an der Groussregioun oder interkommunal realiséiert ginn.
Lëtzebuerg soll weider zu engem klimafrëndleche Wirtschaftsstanduert wuessen, deen:
- Laangfristeg Aarbechtsplaze schaaft a séchert;
- Op eis Stäerkten als Finanzstanduert baut;
- Eis zum Virreider mécht wat klimafrëndlech Technologien ugeet;
- Eis Handwierksbetriber stäerkt
Eis Handwierksbetriber solle gestäerkt an de Secteur Climatetech encouragéiert ginn op Lëtzebuerg ze kommen, zum Beispill Solaranlagen an allen Formen, (Mikro)Wandrieder a Carbon capture.
Mir sinn awer och der Iwwerzeegung, dass eng transparent Kommunikatioun iwwert Projeten déi sollen op Lëtzebuerg kommen, de Leit an de Betriber ze gutt kënnt. D’Praktik vun de Memorandum of understanding (MoU) déi tëscht de Betriber an de Ministeren ausgehandelt ginn, an déi net ëffentlech zougänglech sinn, sollen ophalen.
Weider Informatioune fannt dir op https://piraten.lu.