Méi Transparenz & Participatioun

jerry weyer avatar

Jerry Weyer

Transparenz ass d'Grondbedéngung vun enger participativer Demokratie. En oppenen Debat ka just stattfanne wann Prozesser, Dokumenter, Zuelen an Interessie fir jiddereen anzegesi sinn. Ech sëtze mech dofir an datt ons demokratesch Prozesser méi transparent ginn an onnéideg opaque Prozeduren oppe geluecht ginn.

Transparenz vu Verwaltung a Politik

Transparenz ass Grondviraussetzung vun enger participativer Demokratie. Aktiv matbestëmmen ass nëmme méiglech, wa virun Decisioune souwuel den Inhalt, wéi och de Prozess vu der politescher Entscheedung ëffentlech sinn.

De „Prinzip vun der Geheimhaltung“ vum staatlechen Handele muss zugonschte vum „Prinzip vun der Ëffentlechkeet“ verännert ginn.

BTransparenz vu Verwaltung a Politik Grafik Jerry Weyer

Net ëffentlech Sëtzunge vu Chamberkommissiounen zum Beispill sinn enger Demokratie onwürdeg. Ofkommes hannert zouenen Diere mussen der Vergaangenheet ugehéieren.

Mir Pirate fuerderen:

  • Kommissiounssëtzunge vun der Chamber am Live-Stream,
  • Obligatoresche Live-Stream fir Gemengerotssëtzungen,
  • En richtegt Informatiounszougangsgesetz fir Journalist:innen a Vertreider:innen vun der Zivilgesellschaft.

Verwaltung a Politik mussen hiren Déngschtleeschtungscharakter géigeniwwer vun de Bierger unerkennen an sech grondleeënd dorop ausriichten, een Informatiounszougang effizient, komfortabel a mat niddrege Käschten ze erméiglechen.

An dësem Sënn setzt sech d'Piratepartei an fir de Prinzip vun der Ëffentlechkeet vum staatlechen Handelen an eng komplett Transparenz vun de gewielte Vertrieder géigeniwwer de Wieler.

Biergerrot & Bierger-Budget fir méi Participatioun

D'Politik méi no un d'Bierger:innen bréngen an d’Leit endlech an der Politik matmaache loossen - ouni Parteikaart oder Beruffspolitiker:in ze sinn. Dat ass d’Zil vum Biergerrot.

Biergerrot & Bierger-Budget fir méi Participatioun Grafik Jerry Weyer

Dëse Rot soll per Lous bestëmmte Leit, déi aktuell net an der Politik aktiv sinn an ons divers Gesellschaft erëmspigelen, zesumme bréngen fir eegestänneg iwwer Themen déi hinnen um Häerz leien ze diskutéieren. D'Chamber muss dono iwwer dës Proposen diskutéieren an ofstëmmen.

› Mir Pirate fuerderen esou ee Biergerrot um nationalen Niveau.

Fir politesch Moossnamen ëmzesetze brauch een awer och Suen. Mir Pirate mengen, dass och d'Bierger:innen ee Wuert matzeschwätzen hunn, wéi Steiergelder gebraucht, investéiert oder verdeelt ginn. Beim participative Budget geet et genee dorëms.

› Mir Pirate proposéieren e.a. e Matsproocherecht bei engem „Bierger“-Budget bei deem d’Bierger:inne selwer kënne Proposen a Projete formuléieren, an driwwer decidéiere wéi eng Projeten zeréckbehalen a finanzéiert ginn.

Mir sinn zënter onser Grënnung eng Matmaachpartei Op https://www.fro.lu/ kann jiddereen seng parlamentaresch Froen un d’Regierung stellen an eis hëllefen, fir d’Regierung besser ze kontrolléieren. Op https://piraten.lu/stemmlu kann all Piraten-Member seng Messagen zu der Aarbecht an der Chamber weiderginn. Méi Biergerbedeelegung an der Politik ass méiglech an dat wëlle mir weider virundreiwen!

En Transparenzgesetz mat Bëss

Dat aktuellt Gesetz iwwert eng transparent Verwaltung ass eng Mogelpackung. Ob Google Datacenter, Foussgängersécherheet an der Stad oder d’Kontroll vu politeschen Entscheedungen, mir brauchen e wierklecht Transparenzgesetz mat Bëss.

En Transparenzgesetz mat Bëss Grafik Jerry Weyer

Mir Piraten fuerderen:

  • En neit Transparenzgesetz no Hamburger Virbild;
  • Eng Reduktioun vun den Ausname fir Dokumenter zeréckzehalen;
  • Automatesch Verëffentlechung vun deene meeschten Dokumenter;
  • Eng éischt Instanz ouni Affekotskäschte fir dës Rechter duerchzesetzen;
  • Remboursement vu Prozedursfraise wann een um Geriicht gewënnt;
  • En Auswäite vun dëse Reegelen op all Zorte vun Informatiounen.

D’Piraten fuerderen dës weideren e Gesetz zur Erhéijung vun der Transparenz an der Politik. Dëst Gesetz soll zu Transparenz an de Beräicher Finanzen, Verbindlechkeeten, Geschenker an Interessekonflikter féieren.

D'Transparenzregister vun der Chamber a Regierung muss standardiséiert ginn an och Strofe fir d’Betriber déi sech net registréiere virgesinn. Den Transparenzregister vun den Entrevue muss ausserdeem mat engem Kalenner vun den Entrevuë komplettéiert gi fir esou sécherzestellen dass zäitlech Zesummenhäng kënnen novollzu ginn.

Duebelmandater begrenzen

Stand haut ass et méiglech, fir souwuel Buergermeeschter vun enger grousser Gemeng ze sinn an niewebäi och nach ee Mandat als Deputéierten an der Chamber unzehuelen.

Duebelmandater begrenzen Grafik Jerry Weyer

Et muss ee sech d’Fro stellen, ob een als Buergermeeschter oder Schäffe vun enger grousser Gemeng mat villen Awunner, enger rise Verwaltung mat honnerte Mataarbechter:innen a ville verschiddene Projeten, nach iwwerhaapt enger normaler Aarbecht ënnert engem Patron kann nogoen, oder d’Aarbecht als Deputéierte mat Leif a Séil a vollzäit kann ausféieren.

Dofir wëllen d’Piraten:

  • Eng Neibewäertung vum Congé politique, mam Zil, dass de Congé politique déi reell geleeschten Aarbechtszäit vun der politescher Aarbecht erëmgespigelt;
  • D’Mandat vum Deputéierten, Buegermeeschter a Schäffe vu grousse Gemenge komplett professionaliséieren. All dës Mandater sollen op 40 Stonne Congé politique gehuewen an no hirer Leeschtung a Verantwortung entschiedegt ginn.

Et muss dofir evaluéiert ginn, wéi eng Mandater, grad a gréissere Gemengen, hautzedaags mat den neien Erausfuerderungen op lokalem Niveau vereenbar sinn an ob de Cumul vun de Mandater am Interêt vun de Bierger:innen ass.

Weider Informatioune fannt dir op https://piraten.lu.

jerry weyer avatar
Jerry Weyer
Kandidat fir d'Chamberwalen fir d'Piraten (Zentrum)
Ech si Kandidat am Zentrum fir d'Pirate fir d'Chamberwalen 2023. Ech hunn 37 Joer a schaffen als digitalen Entrepreneur mat menger Ekipp an onsem Startup un Léisunge fir administrativ Prozesser méi einfach ze maachen. Op dësem Site fannt dir meng politesch Prioritéiten - an zéckt net bei Froen oder Kommentare mir op engem vu menge Profiller op de sozialen Netzwierker ze schreiwen!